Léif Fuesgecken,

och wann alt geduet gouf, et wier dest Joer keng Fuesend zu Schëffleng, sou dierf een net alles gleewen. Eis 22. Kavalkad as den

14. Februar 2010.


Jo, et ass komesch dass eis Kavalkad mol eng Kéier op Valentinsdag fällt. Dowéinst hun mir als Folklorama och speziell Iwwerraschungen fir Iech léif Leit. Natirlech awer och eist üblecht Worfmaterial, zum Beispiel 2 Tonnen Kamellen, 1000 Tuten Chipsen, 10.000 Tuten Popcorn, massech Gadgeten an 12 Fässer Bofferding’s Béier.

Dest Joer hu mir dann och - no 2 Joer Paus - erëm eis flott Kapesëtzung, den 27. Februar 2010 am Hall Polyvalent Doriwwer freeë mir eis besonneg an hoffen op äer Präsenz. Mir hun och erëm all Akteur mobiliséiert fir en flotten an witzegen Owend ze organiseieren.

Ech sin ganz houfreg drop, ze soen, dass den Folklorama erem nei Leit an säi Komité bäikrut. Dat as e Beweis fir Vertrauen an eise Veräin . Natirlech freeë mir eis op all neie Member.

E grousse Merci gëllt awer och eiser Gemeng, der Police Grand-Ducale, der Protection Civile, de Geschäftsleit de Veräiner, déi matmachen an natirlech Iech Spectateuren fir äer Ënnerstëtzung.

Also léif Fuesgecken, kommt all op d’Schëfflenger Kavalkad!

Scott KRIES, President